
Burnonville – säit iwwer 20 Joer um belsche Marché aktiv a säit 10 Joer um lëtzebuergeschen – ass en zouverlässegen Distributeur mat enger eenzegaarteger Erfahrung, wat d’Acquisitioun an d’Liwwerung vun Diversifikatiouns- an Impulse-Produiten an de Proximitéitsreseauen ugeet. Vu Fumeur-Accessoiren, Hygiènesartikele bis zu Multimedia a Spillsaachen: All d'Besoine vun Äre Cliente si gedeckt!

Dir hutt vergiess, eppes ze bestellen? E Client huet Äre ganze Rizla-Stock opkaaft? Keng Panik! Mir liwweren a manner wéi 24 Stonnen (Schaffdeeg)! All Bestellung op eisem Webshop, déi moies gemaach gëtt, gëtt vun eisem Logistikservice – jee no disponibelem Stock – am Nomëtteg traitéiert. Dir kritt deemno d'Wueren ab moies den Dag duerno geliwwert.

All Client ass eenzegaarteg! Burnonville ass stänneg op der Sich no Léisungen op d'Mooss, déi op Är Besoinen zougeschnidde sinn an op enger laangjäreger Partnerschaft baséieren. Eis Commerciauxen analyséiere fir d’éischt d'Butteker, fir duerno kënnen eng Offer mat Produiten, déi dem Ëmfeld vum Point de vente entspriechen, zesummenzestellen: Tankstell, Buttek an enger Stad, Buttek an engem Duerf, Klinik, Gare, Fluchhafen ... Wielt jee no Rotatioun zesummen d'Heefegkeet vun de Visitten, wéi et fir Iech am beschten ass: eng einfach, zouverlässeg a rentabel Léisung!
Mat eisem personaliséierte Full Merchandising-Service kënnt Dir wäertvoll Zäit am Alldag spueren. Mir këmmeren eis ëm alles! Eis Commerciauxen huelen d'Commanden op an eis Rackjobbers setzen se an de Rayon. Dank dësem „All in“-Service kënnt Dir Iech op Är wichtegst Aufgab konzentréieren: de Verkaf!


Burnonville riicht sech virun allem u Partner am Commerce de proximité, dat heescht Butteker, déi oft net vill Plaz hunn oder mat enger mëttlerer bis schwaacher Rotatioun. Fir dëse Clienten entgéintzekommen, verpake mir elo e groussen Deel vun eisem Sortiment a Colisen, déi u kleng Commercen ugepasst sinn. Dëst huet de Virdeel, dass e grousst Sortiment a klenge Quantitéiten ugebuede ka ginn. Dir braucht Iech net tëschent dem Batman an dem Superman ze decidéieren. Huelt einfach déi zwee!
Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!
Import Lux Burnonville
Rue des Trois Cantons, 9
8399 Windhof
Luxembourg
+352 27 86 09 62