
Léiert eis Equipe commerciale kennen! Den Alain, d’Silvia, de Silvio, de Francis an de Kjell si permanent fir d'Clienten do a ginn op hir Besoinen an. Vun einfache Rotschléi bis d'Unhuele vu Bestellungen: Ären Delegéierten hëlleft Iech, de Service, deen am beschte bei Iech passt, auszewielen an dat richtegt Sortiment fir Äre Point de vente ze definéieren.
Eis Marketing-Equipe observéiert genee d'Trends um Marché, fir am richtege Moment d'Produiten auszewielen, déi de Buzz an Äre Geschäfter maachen, während sech d'Finanz ëm d'Clients-Facturatioun këmmert.


Burnonville ass säit iwwer 20 Joer an der Belsch an säit 10 Joer am Grand-Duché present a beliwwert iwwer 1.500 Butteker an dësen zwee Länner. Ob strukturéiert Cliente wéi Relay, Press Shop, Q8, Total, Valora … oder onofhängeg Clienten: Burnonville erneiert sech stänneg – esouwuel um Niveau vun de Produite wéi och vun de Servicer –, fir dass seng vill Clienten och weiderhin zefridde sinn.
Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!
Import Lux Burnonville
Rue des Trois Cantons, 9
8399 Windhof
Luxembourg
+352 27 86 09 62