Wousst Dir?

Burnonville realiséiert iwwer 65 % vu senge Ventë vun Hygiènesartikele mat Brëller a Sonnebrëller. All Joer ginn ca. 40.000 Puer an de Butteker verkaaft – déi meescht tëschent Mäerz a September.

Mir bidden iwwer 30 verschidde Modeller u Sonnebrëller fir Hären, Dammen a Kanner grad wéi zwee Presentéierformater un: en Tourniquet, fir op de Buedem ze stellen, an en Display fir um Comptoir. Dës Gamme ass e Must dank enger komfortabeler Marge an attraktive Verkafspräisser. Wéinst de waarmen Temperaturen am Summer ass e Sonnebrëll onverzichtbar. A mat dem Modell „schick an net deier“ huet kee méi eng Ausried, fir net e Sonnebrëll ze kafen.

Normal Brëller sinn d'ganzt Joer disponibel a kënne mat engem Sortiment un Dioptrië vun +1,5 bis 3,5 bestallt ginn. Säit dësem Fréijoer – a wéinst enger ëmmer méi grousser Demande – hu mir och en neit Konzept agefouert: en Tourniquet um Buedem mat 240 Liesbrëller an der Possibilitéit, Ären Dioptriëstock ze geréieren. Wann Dir net genuch Plaz fir en Tourniquet hutt, dann ass et och méiglech, dës Brëller eenzel ze bestellen a se an hirer Originalboîte, déi fir dësen Zweck geduecht ass, ze presentéieren.

Waart net laang a werft e Bléck an eisen Online-Katalog oder kontaktéiert ee vun eise Commerciauxe fir weider Informatiounen.

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

6 months 4 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us