Wousst Dir?

60 % vun den Artikelen, déi Burnonville distribuéiert, si Fumeur-Accessoiren a Spillsaachen/Petzien. Dës zwou Kategorien dominéiere säit Joren d’Statistike vu Burnonville. Wat net iwwerrascht ... bei deem villen Tubak, deen an den Zeitungsbutteker an op den Tankstelle verkaaft gëtt, an dem Profil vun de Clienten, déi ëmmer méi presséiert a gewëllt sinn, hir Kanner ze verwinnen. Säit e puer Méint allerdéngs steet eng drëtt an nei Kategorie op der drëtter Plaz um Podium: mobil Geräter! Wat sinn „mobil Geräter“? Mobil Geräter sinn all d'Artikelen, déi de Client während sengen Deplacementer notzt, oder Saachen, déi hie vergiess huet, mä déi op de leschte Stëppel mussen ersat ginn. Déi wichtegst Artikelen an dëser Kategorie waren ëmmer Batterien a Prabbelien. Si sinn nach ëmmer an den Top Ten, mais et huet sech vill geännert, well elo sinn och eng ganz Rei Multimedia-Artikelen hei ze fannen: universell Chargeuren oder Chargeure fir den iPhone 5/6 (normaler oder fir am Auto), Ersatzbatterië fir Handyen an Tabletts, Kopfhörer etc. All Mount ginn d'Resultater an d'Luucht. Verléiert also keng Zäit a werft e Bléck an eisen Online-Katalog, wou Dir alles fannt, wat Dir fir d'Rentrée 2016 braucht.

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

3 months 4 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us