Preparéiert Iech op Chrëschtdag

Ho ho ho, d'Joresenn kënnt mat grousse Schréck méi no. No Halloween ass et un der Zäit, d'Dekoratioun vun Ärem Buttek unzepassen, fir sécherzegoen, dass Är Venten och weiderhi gutt lafen. D'Impulse-Artikele vu Burnonville hëllefen Iech, d'Magie vu Chrëschtdag an Ärem Buttek anzefänken.

Vill Famillje preparéiere sech laang am Viraus op Chrëschtdag. Vergiesse mer awer net d'Last-Minute-Clienten, déi sech vu Mutzen, Schlappen oder Chrëschtdagsbullen zum Kafe verféiere loossen. En plus, mat eiser Auswiel u Produiten, déi fir Grouss a Kleng gëeegent ass, kënnt Dir uerdentlech Margë generéieren, wat d'Fest nach méi schéi mécht. Wann Dir heivu profitéieren an eng Bestellung maache wëllt, da loggt Iech beim Distriweb an oder kontaktéiert ee vun eise Commerciauxen.

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

9 months 3 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us