Multimedia als Virdeel fir Impulse-Verkeef

D'Majoritéit vun Äre Cliente benotzt den Telefon fir alles ... just net, fir ze telefonéieren. Et gëtt geschat, dass 2016 e Véierel vun den Handybesëtzer en ni benotzt hunn, fir engem unzeruffen. Dësen Trend ass am stäerkste bei de jéngsten Altersklassen an de 25- bis 39-Järegen, déi mobil Date benotzen, fir ze kommunizéieren.

De Multimedia kéint e strategesche Virdeel fir Iech ginn, well de Smartphone ass am Alldag vun Äre Clienten onverzichtbar. Si benotzen e fir hir Bankgeschäfter, fir Musek ze lauschteren, fir d'Dagesnoriichten ze liesen, fir Messagen ze verschécken, fir sech iwwert Stauen ze informéieren etc. Dofir brauch een e Maximum un Accessoiren, fir e korrekt ze benotzen an, virun allem, fir net plëtzlech mat engem eidelen Akku dozestoen. Kleng a grouss Kopfhörer, Ladekabelen, Adaptere fir USB- oder Auto-Prisen, Ersatzbatterien, Handyhalterunge fir am Auto ... All dës Artikele si fir Är Clienten an der Tëschenzäit e Must bei Impulse-/Depannage-Akeef ginn.

Test eis nei an ëmfaassend Kollektioun u Multimedia-Artikelen. Eng Gamme, iwwert déi sech d’Cliente freeën, déi zum Beispill hir Kopfhörer doheem vergiess hunn oder scho géint Mëtteg nëmmen nach 5 % Batterie hunn. Werft einfach e Bléck an eisen Online-Katalog

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

11 months 4 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us