Merci fir Är Visitten

D'Porte-ouvertë vu Burnonville sinn eriwwer! Während dräi Wochen hunn eis Equippe kleng a grouss Clienten empfaangen. Si hunn déi nei Kollektiounen als Avant-Première an och eis nei Raimlechkeeten entdeckt, dank deene Bestellungen elo a manner wéi 48 Stonne geliwwert kënne ginn.

Während eise Journées Portes Ouvertes hunn onofhängeg Clienten hir Bestellunge sur place gemaach. Verschiddener sinn esouguer direkt mat der Wuer heem gaangen. Wat d'Chaînen ugeet, hate si d'Méiglechkeet, hire Katalog mat den neiste Produkthighlights ze aktualiséieren.

Et ass och eng strategesch Period fir saisonal Evenementer wéi Chrëschtdag oder Valentinsdag, wat e wichtegt Fest fir d'Burnonville-Clienten ass. Mir freeën eis, all eis Cliente bei der Editioun 2017 erëmzegesinn.

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

9 months 3 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us