Eng nei E-Commerce Site kommt zu Lëtzebuerg!

D'Equipe vu Burnonville huet d'Freed, Iech de Lancement vum neien Internetportal www.distriweb.lu unzekënnegen.

Importlux Burnonville, en Distributeur am Beräich vun den Impuls- a Convenienceproduiten, deen an der Beliwwerung vum lokalen Eenzelhandel (Bibliothéiken, Tankstellen, Spideeler, Garen, asw.) spezialiséiert ass, ass säit méi wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg aktiv.

Eng Internetsäit, déi speziell gemaach ass, fir Iech den Alldag ze erliichteren!

No etleche Wochen, während deene mir mat der Entwécklung beschäfteg waren, hu mer elo d'Freed, Iech d'Online-Vitrinn vun eisem Betrib virzestellen.

  • Online-Katalog mat méi wéi 1.000 Referenzen, 24 Stonnen op 24 zougänglech
  • En diversifizéiert Sortiment: Fëmmaccessoiren, Spillsaachen a Petzien, Papeterie, Hygiène, Multimedia, Gadgeten, Souveniren, asw.
  • Eng offiziell Partnerschaft mat Panini fir d'Distributioun vun de bekannte Sticker- an Albumkollektiounen
  • D'Topreferenzen am Beräich vun de Snacken, wéi Leo, Milka, Cha-Cha, asw. a geschwë weider Marken
  • E Link fir an Echtzäit en Abléck an eis Stocken ze kréien, fir sécherzestellen, datt Dir déi ganz Commande kritt
  • Reduzéiert Verpackunge fir d'Mindestbestellunge pro Artikel ze limitéieren
  • Kompetitiv Präisser an all Mount Promotiounen
  • Gratis Liwwerung ab 90 €
  • Liwwerung bannent manner wéi 48 Stonnen (während de Schaffdeeg)
  • Eng eenzeg Rechnung, op där all d'Akeef vum Mount regruppéiert sinn
  • E Site, deen op Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch disponibel ass

Offréiert Äre Clienten nei Artikelen a profitéiert vun eemolegen Akafskonditiounen!

Registréiert Iech um Site, fir Är Zougangscoden ze kréien an Är éischt Commande op www.distriweb.lu opzeginn.

Mir hoffen, datt dësen neien Tool fir Online-Bestellungen Iech gefält a wënschen Iech vill Spaass beim Entdecke vum Site. 

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

11 months 4 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us