E schéine Summer mat staarke Lizenzen

De Summerkalenner ass chargéiert mat Lizenzen! Am Juli/August komme verschidde Filmer wéi Despicable Me, Cars an Emojis mat staarke Merchandising-Marken eraus. „Despicable Me 3“ kënnt de 5. Juli an de Kino. 2015 waren d'Minions déi gréisste Lizenz vum Summer. Wéinst dësem onerwaarte Succès war de Stock vun all den Hiersteller opgebraucht. Et war onméiglech, all d'Commanden ze liwweren. D'Clienten hu sech d'Goodies, déi am Kader vun dësem Film op de Maart koumen, quasi aus der Hand gerappt. Burnonville huet ca. 10.000 Minion-Petzien an 12.000 Minion-Candy Toys verkaaft. Profitéiert och Dir vun dësem Succès.

Pixar an Disney relancéieren d'Cars-Lizenz mat engem drëtte Film, deen de 26. Juli an d'Kinoe kënnt. De Franchising gouf direkt fir de Verkaf vun den entspriechende Cars-Produiten agefouert. Cars war jorelaang déi éischt Lizenz fir Jongen an der Welt vum Merchandising. Sechs Joer nom zweete Film rechent de Flash McQueen dermat, nees de beléiftsten Held vum „klengen“ Publikum ze ginn.

Ab dem 9. August lafen d'Emojis fir d'éischte Kéier am Kino. Emojis sinn e vun de stäerkste Vecteuren a soziale Bezéiunge ginn, well sech Emotiounen oder ee Message ganz liicht matdeele loossen. De Virdeel vun dëser Sprooch ass et, dass si sech u jonk Leit riicht – mä net just u si! Säit leschtem Summer ginn d'Ventë vun dëse Produite bei Burnonville konstant an d'Luucht. Mir hu mat siwe Referenzen ugefaangen a sinn elo bei engem permanent disponibele Vollsortiment vu 24 Artikelen ukomm, z. B. Petzien, Porte-cléen oder och Kamellen.

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us