Blog Items

Eng nei E-Commerce Site kommt zu Lëtzebuerg!

D'Equipe vu Burnonville huet d'Freed, Iech de Lancement vum neien Internetportal www.distriweb.lu unzekënnegen.

Importlux Burnonville, en Distributeur am Beräich vun den Impuls- a Convenienceproduiten, deen an der Beliwwerung vum lokalen Eenzelhandel (Bibliothéiken, Tankstellen, Spideeler, Garen, asw.) spezialiséiert ass, ass säit méi wéi 10 Joer zu Lëtzebuerg aktiv.

Eng Internetsäit, déi speziell gemaach ass, fir Iech den Alldag ze erliichteren!

Read more

Wousst Dir?

Burnonville realiséiert iwwer 65 % vu senge Ventë vun Hygiènesartikele mat Brëller a Sonnebrëller. All Joer ginn ca. 40.000 Puer an de Butteker verkaaft – déi meescht tëschent Mäerz a September.

Read more

Multimedia als Virdeel fir Impulse-Verkeef

D'Majoritéit vun Äre Cliente benotzt den Telefon fir alles ... just net, fir ze telefonéieren. Et gëtt geschat, dass 2016 e Véierel vun den Handybesëtzer en ni benotzt hunn, fir engem unzeruffen. Dësen Trend ass am stäerkste bei de jéngsten Altersklassen an de 25- bis 39-Järegen, déi mobil Date benotzen, fir ze kommunizéieren.

Read more

E schéine Summer mat staarke Lizenzen

De Summerkalenner ass chargéiert mat Lizenzen! Am Juli/August komme verschidde Filmer wéi Despicable Me, Cars an Emojis mat staarke Merchandising-Marken eraus. „Despicable Me 3“ kënnt de 5. Juli an de Kino. 2015 waren d'Minions déi gréisste Lizenz vum Summer. Wéinst dësem onerwaarte Succès war de Stock vun all den Hiersteller opgebraucht. Et war onméiglech, all d'Commanden ze liwweren. D'Clienten hu sech d'Goodies, déi am Kader vun dësem Film op de Maart koumen, quasi aus der Hand gerappt. Burnonville huet ca. 10.000 Minion-Petzien an 12.000 Minion-Candy Toys verkaaft.

Read more

Vive d'Turteldeiwercher!

De 14. Februar ass den Dag vun de Verléiften! Bei dëser Geleeënheet maache sich vill Koppele Kaddoen oder soe sech eppes Léiwes als Liebesbeweis. Haut ass Valentinsdag och e kommerziellt Fest, wat Extrarecettë fir Äre Commerce bedeit.

Fir aus dësem Evenement eng Reussite ze maachen, huet Burnonville en Sortiment vu Petzien, Porte-cléen, Fotosrummen, Briqueten an anere Kaddoen, déi am Trend leien an net vill kaschten, zesummegestallt. Entdeckt all dës Promoproduiten, déi d'Verléiften iwwerzeege wäerten – egal a wéi engem Alter. Rendez-vous op distriweb.be.

Read more

Preparéiert Iech op Chrëschtdag

Ho ho ho, d'Joresenn kënnt mat grousse Schréck méi no. No Halloween ass et un der Zäit, d'Dekoratioun vun Ärem Buttek unzepassen, fir sécherzegoen, dass Är Venten och weiderhi gutt lafen. D'Impulse-Artikele vu Burnonville hëllefen Iech, d'Magie vu Chrëschtdag an Ärem Buttek anzefänken.

Read more

Merci fir Är Visitten

D'Porte-ouvertë vu Burnonville sinn eriwwer! Während dräi Wochen hunn eis Equippe kleng a grouss Clienten empfaangen. Si hunn déi nei Kollektiounen als Avant-Première an och eis nei Raimlechkeeten entdeckt, dank deene Bestellungen elo a manner wéi 48 Stonne geliwwert kënne ginn.

Während eise Journées Portes Ouvertes hunn onofhängeg Clienten hir Bestellunge sur place gemaach. Verschiddener sinn esouguer direkt mat der Wuer heem gaangen. Wat d'Chaînen ugeet, hate si d'Méiglechkeet, hire Katalog mat den neiste Produkthighlights ze aktualiséieren.

Read more

Wousst Dir?

60 % vun den Artikelen, déi Burnonville distribuéiert, si Fumeur-Accessoiren a Spillsaachen/Petzien. Dës zwou Kategorien dominéiere säit Joren d’Statistike vu Burnonville. Wat net iwwerrascht ... bei deem villen Tubak, deen an den Zeitungsbutteker an op den Tankstelle verkaaft gëtt, an dem Profil vun de Clienten, déi ëmmer méi presséiert a gewëllt sinn, hir Kanner ze verwinnen. Säit e puer Méint allerdéngs steet eng drëtt an nei Kategorie op der drëtter Plaz um Podium: mobil Geräter! Wat sinn „mobil Geräter“?

Read more

Iwwer Burnonville

Als Spezialist fir Convenience-Produiten um belschen a lëtzebuergesche Marché proposéiert Iech Burnonville eng grouss Gamme un Non-Food-Artikele fir Butteker. Vum Fumeur-Accessoire bis zum Petzi: Mir hunn esouwuel e Basissortiment wéi och Produite mat enger héijer Marge fir impulsiv Akeef, lizenzéiert Artikelen oder och nach eng „On the go“-Gamme fir Pendler. Eist eenzegt Zil: Ären Alldag dank engem reaktive Service op d'Mooss ze erliichteren!

Um blog

11 months 4 weeks ago

Contact

Import Lux Burnonville

Rue des Trois Cantons, 9

8399 Windhof

Luxembourg

+352 27 86 09 62

info@importlux-burnonville.lu

Connect With Us